Wat, wann eng Popp esou lieweg wier, datt ee mengt, si kéint danzen, laachen – a vläicht esouguer Léift empfannen? Eng Popp, déi sou echt ausgesäit, datt een sech a si kéint verléiwen?
An dëser zauberhafter Opféierung erzielen eng Dänzerin, eng Erzielerin a véier Museker eng spannend Geschicht voller Iwwerraschungen – iwwer d’Swanilda, de Franz an e geheimnisvollt Meedchen um Balcon.
Mat der wonnerschéiner Musek vum Léo Delibes an enger fantasievoller Inzenéierung, an där d’Zuschauer selwer Deel vun der Geschicht ginn, entsteet e magescht Erliefnis fir déi ganz Famill. Mat engem klengen Clin d’œil, engem Hauch vu Magie – an där grousser Fro: Wat ass wierklech echt?
Sträichquartett: Cathy Heidt (Gei), Ruben Dorneanu (Gei), Susanne Martens (Braatsch), Mario Vanderlinden (Cello)
Konzept a musikalesch Erzielung: Dominique Steiner
Danz: Maïté Margue
Produktioun: Kammerata Luxembourg asbl.
Koproduktioun: Ville de Vianden, Les Amis du Châtéau de Vianden a.s.b.l.